Newsletter n°5-August 2024 – lëtzebuergesch Versioun

Newsletter n°5 – 1. Festival vun der Transitioun

E(s)ch Maach(e) Mat ! E schéinen Erfolleg fir den 1. Festival vun der Transitioun !

CCC : dat kléngt wéi dräi Muséksnouten

CCC : dat kléngt wéi eng Grill am Summer

Den CCC ass awer virun allem eise Klima-Biergerkollektiv dee mer am Dezember 2022 zu Esch/Uelzecht lancéiert hunn.

D ‘Iddi hannendrun ass datt Leit déi zu Esch wunnen oder déi reegelméisseg mat an zu Esch ze dinn hunn sech ënnerteneen vernetzen, sech informéieren, zesummen iwwerleeën, agéieren, a sech esou op de Wee vun der ökologescher Transitioun maachen. Ernärung, Mobilitéit, Kreeslafwirtschaft, Biodiversitéit, asw. – all dës Facetten vum alldeegleche Liewen wäerte mussen nei geduecht ginn, fir datt mer eis an Zukunft besser upassen a virbereede kënnen op d’Verännerungen déi de Klimawandel mat sech brénge wäert.

Den CCC ass awer och eng Wett op d’Zukunft : eng op d’Leit déi sech gemeinsam fir eng ökologesch Transitioun asetzen.

Den CCC, dat sinn awer och iwwert 300 BiergerInnen déi de 29. Juni um 1. Festival vun der Transitioun matgemaach hunn ! De Festival huet op 14 verschiddene Plazen uechter ganz Esch stattfonnt an et goufen am Ganzen iwwert 20 Aktivitéiten ugebueden. Dësen Dag, deen dem deelen, zesummen entdecken an awer och zesummen celebréieren verschriwwe war, beweist datt een mat der néideger Gedold an Engagement Alternativen schafe kann fir eng méi nohalteg Zukunft ze gestalten.

Deen CCC kënnt och Dank all senge Partnerorganisatiounen (Logo’en hei drënner) lues awer sécher un d’Rullen.

Wéi a wéini geet et virun mam CCC ? Dat entscheede mer zesummen, well et ass de Kollektiv deen d’Kaart vum zukünftegen Esch zeechne wäert.

Nom Biergerforum am Mee – deen Transition Minett zesumme mat der Stad Esch organiséiert hat – hunn d’BiergerInnen och de 29. Juni nees gewisen datt se matgestalte wëllen !

Mer ginn Iech dofir Rendez-vous fir d’Rentrée fir zesummen d’Konturen fir d’Suite vun dëser Dynamik ze zeechnen.

Bis dohi wënsche mer jidderengem e gudde Summer.

« Dat wat mer bei Transition Minett gefält ass är Positivitéit. D’Erausfuerderungen vum Klimawandel betreffen eis alleguerten, a si ginn ëmmer méi urgent. Mer zielen dofir op Iech fir e Maximum un Escherinnen an Escher ze sensibiliséieren, fir datt jiddereen op seng eegen Aart a Weis a no senge Méiglechkeeten säi Konsumverhalen lues a lues upasse kann. (…) Dir hutt et och fäerdeg bruecht vill aner Escher Strukturen fir de Festival ze mobiliséieren, an dir hutt déi all en eng Kaart gepaakt, wat weist datt Esch um gudde Wee ass fir seng Positioun als Haaptstad vun der Transitioun ze bestäerken. »

Atelieren fir méi eng lokal, saisonal a vegan Ernärung ze ënnerstëtzen

Eng fofzéng Leit hunn an der MESA saisonal Menü’er zesummegestallt mat Benevollen vum CCC-Grupp « lokal a biologesch Kierf ». D’Leit konnten hiren eegenen vegetaresche Menü erstellen mat lokalen a saisonale Produiten déi an der MESA verkaf ginn. Dobäi gouf och ee gratis Mëttegiessen fir d’MESA verloust !

Den CCC-Grupp « vegan » huet en Atelier ugebueden wou eng ronn zéng Leit vegan Schneekegkeeten selwer gemaach hunn : Knippercher aus gedréchente Friichten, « Snickers» Knippercher a Knippercher mat Kokosnoss.

Dës Kachatelieren sinn och Plazen vum Austausch a vum Léieren, an an deem Sënn ee Mëttel fir d’Leit ze sensibiliséieren an ze mobiliséieren ronderëm d’Transitioun hin zu enger veganer Ernärung. D’Leit konnten deementspriechend och hir eegen Erfarungen a Wëssen an deem Beräich wären den Atelier’en deelen.

Fir doheem : d’Rezept vun de « Snickers » Knippercher.

Groupe Paniers Bio à la MESA

Groupe Paniers Bio à la MESA

Composez un menu avec les légumes des paniers bio et locaux de la Mesa.

Atelier Paniers Bio à la MESA

Atelier Paniers Bio à la MESA

Composez un menu avec les légumes des paniers bio et locaux de la Mesa.

Groupe VEGAN à la MESA

Groupe VEGAN à la MESA

Composez les délices véganes.

Groupe VEGAN à la MESA

Groupe VEGAN à la MESA

Composez les délices véganes, pour les grand.e.s et les petit.e.s.

Groupe VEGAN à la MESA

Groupe VEGAN à la MESA

Composez les délices véganes, pour les grand.e.s et les petit.e.s.

Null Offall (zero waste) an d’Philosophie vum 5R

  • Clean up : Fir d’Leit iwwert d’Wichtegkeet vu proppere Stied ze informéieren gouf eng Botz um Belval organiséiert zesumme mat « Pick it up ».

  • Gravéier-Atelier op Tetra-Pack : Am Facilitec konnten d’Leit Technik vum gravéieren op recyceltem Material entdecken wou vun der Artistin Claudine Furlano vu ZOOM éditions ugebuede gouf.

Atelier de gravure sur tétrapack

Atelier de gravure sur tétrapack

Animé par CNCI à Facilitec

Atelier de gravure sur tétrapack

Atelier de gravure sur tétrapack

Animé par CNCI à Facilitec

Atelier de gravure sur tétrapack

Atelier de gravure sur tétrapack

Animé par CNCI à Facilitec

Atelier de gravure sur tétrapack

Atelier de gravure sur tétrapack

Animé par CNCI à Facilitec

Atelier de gravure sur tétrapack

Atelier de gravure sur tétrapack

Animé par CNCI à Facilitec

Atelier de gravure sur tétrapack

Atelier de gravure sur tétrapack

Animé par CNCI à Facilitec

Atelier de gravure sur tétrapack

Atelier de gravure sur tétrapack

Animé par CNCI à Facilitec

 Session Clean up de Uni Belval

Session Clean up de Uni Belval

l’équipe Pick it up

 Session Clean up de Uni Belval

Session Clean up de Uni Belval

l’équipe Pick it up

Retour vun engem CCC Zero Waste Participant

D’Freed vun der ökologescher Transitioun ! De Festival huet gewisen datt Transitioun Spaass maache kann

Loosst eis zesummen eis Gemeinschaftsgäert mat Liewe fëllen

Danzen am Gemeinschaftsguart « les Capucines »

Eng fofzeg Leit hunn e gesellege Moment mateneen verbruecht wou generatiounsiwwergräifend an a beschter Stëmmung zesumme gefeiert a gedanzt gouf.

Als Ofschloss vum Dag konnt ee bei engem Aperitif de neien Escher Gemeinschaftsguart entdecken.

Breedewee by night

Fir d’BiergerInnen iwwert d’Wichtegkeet vun der Erhalung vun der Biodiversitéit op ze kläre waren si invitéiert fir no Sonnenënnergang d’Fauna am Gemeinschaftsguart Breedewee zesumme mat engem Biolog vun Natur&Ëmwelt ze entdecken. Dës Aktivitéit gouf organiséiert am Kader vun engem Projet zum Schutz vun der Biodiversitéit dee vun de Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte ënnerstëtzt gëtt.

Disko-Zopp am Guart « les 4 coins du monde » zu Lalléng

“Eng « Disko-Zopp » – e gemeinsaamt Iessen bei Musek genéissen – gouf organiséiert vun der CASA Lallange an dem CCC-Grupp « zero waste », an Zesummenaarbecht mat foodsharing.lu Bei beschter Stëmmung hunn d’Leit mat onverkaafte Wuere vum Muart a mat Geméis aus dem Gaart gekacht. Eng zéng Platen sinn dobäi rauskomm wéi z.B. Zaloten, Humus, Aufstrich, eng gutt Zopp an och selwer gemaachte Smoothien. Den CCC-Grupp « zero waste » huet e Quiz ugebuede ronderëm d’Thema Offall. Da konnten D’Leit och iessbar resp. medezinesch Planzen entdecken, an d’Kanner konnte bastelen a mateneen spillen.

‘Leit konnten deen Dag och dovunner profitéiere fir iwwert d’Zukunft vum Lallenger Quartiershaus (CASA Lallange) ze diskutéieren.

De CIGL war och um Start mat engem Info-Stand, a se hunn och Geméis verkaf.

Eng zwanzeg BiergerInnen aus verschiddenen CCC-Gruppen waren un der Organisatioun bedeelegt :

  • de Gaart « 4 coins du Monde » zu Lalleng
  • Memberen vum Projet « CASA Lallange – fir e Quartiershaus fir Lalleng »
  • Memberen vum Grupp « zero waste » a géint Liewensmëttelverschwendung

An Zesummenaarbecht mat CIGL & FoodSharing Luxembourg.

Rendez-vous au jardin 4 coins du monde pour le «Disco soup»

Rendez-vous au jardin 4 coins du monde pour le «Disco soup»

Dans le quartier de Lallange

Préparation du repas avec les participant.e.s

Préparation du repas avec les participant.e.s

Le repas a été préparé avec les invendus des magasins reçus recueillis par FoodSharing et les légumes du jardin.

CIGL présent avec leur stand

CIGL présent avec leur stand

Disco Soup

Disco Soup

Disco soup

Disco soup

Découverte des plantes médcinales

Découverte des plantes médcinales

Un repas partagé entre citoyen.ne.s

Un repas partagé entre citoyen.ne.s

Préparation du repas

Préparation du repas

Vélo mix

Vélo mix

Food sharing

Food sharing

Stand CIG-L

Stand CIG-L

Le repas est prêt

Le repas est prêt

Rendez-vous au Jardin des Capucines

Rendez-vous au Jardin des Capucines

Flash mob

Flash mob

Flash Mob

Flash Mob

Faune la nuit au Jardin de Bredewee

Faune la nuit au Jardin de Bredewee

Breedewee by night

Breedewee by night

Temoignagen vum Festival :

T’ass op Deeg wéi deem vun haut wou een sech bewosst gëtt datt eng aner Welt méiglech ass, an t’war mer eng grouss Freed haut kënnen een Deel dovunner ze sinn !

Ech hu vill neit Leit kennegeléiert a mer waren zesumme kreativ an engem natierleche Kader voller Inspiratiounen !

Do it Yourself !

Ökologesch Transitioun heescht och selwer maachen ! An deem Sënn gouf eng ganz Rei Atelieren ugebueden :

  • Formida Echange : D’Leit konnte mat hire Kanner e kreativen Espace fir ze experimentéieren an ze erfuerschen entdecken. De Ressourcen-Zenter vu Formida mécht aus Offallmaterial nei Saachen a fërdert esou d’Kreativitéit an d’Nohaltegkeet.
  • Atelier fir selwer verschidde Crèmen fir de Kierper an d’Hoer hierzestellen aus Karité-Botter, ugebueden vu Miss Bak an an Zesummenaarbecht mam Escher Mosaïque Club.
  • Up-cygling : Serigraphie-Atelier a Virstellung vun der neier Asbl « KreesLab » (fréier BENU), an Zesummenaarbecht mat der Kulturfabrik.
  • Nohalteg Digitaliséierung : Am Facilitec gouf e Workshop ugebueden fir en eegent Videospill ze programméirere an iwwert d’Sensibiliséierung fir eng nohalteg Digitaliséierung

Douce Mobilitéit

D’Leit konnten wärend dem Festival d’Haus vum Vëlo op Esch-Belval entdecken, e Projet dee vum CCC-Grupp “douce Mobilitéit” gegrënnt gouf a vu Fräiwëlleger geleet gëtt, wou Dir elo Äre Vëlo reparéiere kënnt. Maacht mat bei der offizieller Aweiung den 20. September!

Duerno gouf et nach e Vëlostour (Vélorution) wou all d’Plazen vun der ökologescher Transitioun zu Esch besicht goufen.


Bien-être

An dësem Beräich goufe gratis Initiatiouns-Coursen am Yin Yoga an am Mantra-Sangen ugebueden vum Theresa Neves, an Zesummenaarbecht mam Escher Theater.

D’Leit konnten och bei engem Patt bei engem DJ-Set am Vinyl Harvest relaxen.


Wëllt der Member vun engem CCC-Grupp ginn ?

Wa jo da schreift eis op contact@transition-minett.lu oder kuckt iech eise Site un www.transition-minett.lu/le-ccc-comment-participer/


D’Schatzsich vun der Transitioun geet virun !

Eng flott Aart a Weis fir déi emblematesch Plazen vun der Transitioun zu Esch ze entdecken. Ronn zéng Leit hunn d’Schatztru vum Kapitän Popkin geknackt, a goufe mat sëllege Präisser belount wéi z.B. der Geschicht vum Barbara, dem Puzzle « Pirate-Barbara » deen am Atelier fabrizéiert gouf (cf. Foto) an enger VIP Aluedung fir eng Iwwerraschung mam Barbara de 27. September. Et kann een nach bis Mëtt September bei der Schatzsich matmaachen a flott Präisser gewannen – lass geet et beim Facilitec.

Wann der wëllt matmaachen da mell iech ënnert : atelier@facilitec.lu




Agenda

Verpasst net eis zukünfteg Eventer


Kuckt de Festival Video