Categories
Kreeslafwirtschaft

Kreeslafwirtschaft – ökologesche Biergerinitiativen als Léisungen géint geplangten Obsoleszenz

De Sébastien Kanarek, de Responsabelen vum partizipativen Atelier am Facilitec, war ee vun den Invitée bei der Table Ronde zum Thema “Obsoleszenz a Kreeslafwirtschaft : « tëscht ökologeschen Erausfuerderungen an ekonomeschen a sozialen Opportunitéiten », organiséiert vum Circular Innovation Hub vun der Stad vu Wooltz a vun Infogreen de 15. Oktober am Schlass zu Wooltz. Dëst war eng Geleeënheet fir déi konkret Projete vum Transition Minett virzestellen, déi sech am Kader vun der Kreeslafwirtschaft beweegen.

Geplangten Obsoleszenz : wat ass dat ?

Fir d’éischt gi mer e bëssen an der Zäit zréck. De Begrëff “geplangten Obsoleszenz” gëtt et scho bal 100 Joer. En ass fir d’éischt opgetaucht am Joer 1925 am Buch La tragédie des déchets vum Stuart Chase, an den amerikanesche Promoteur Bernard London huet duerno d’Konzept ausformuléiert. Am Joer 1930 dunn fënnt een eng Kritik vum Technologiespezialist Lewis Mumford deen eng Ausbreedung vun dësem Phänomen parallel zum technologesche Fortschrëtt feststellt. E Sprong an der Zäit méi spéit bleift eng Fro ongekläert :vun 1925 bis haut, wéi si mir vum technologesche Fortschrëtt bei der haiteger Iwwerproduktioun vun Offall gelant ? 

Wou si mer haut drun ?

Et ass nach e wäite Wee, besonnesch fir d’Gewunnechten vun der Verbraucher ze änneren. Reglementer kënnen do wichteg Hiewel sinn fir e nohaltege Konsum ze encouragéieren. Och wann d’Léisung net iwwer Nuecht kënnt, ass de partizipativen Atelier vun Transition Minett am Facilitec – engem Tiers-lieu deen der Kreeslafwirtschaft gewidmet ass – Deel vun deenen Initiativen déi hëllefen fir iwwerhaapt emol e Bewosstsinn fir d’Problematik ze schafen.

Als éischt muss ee mol verstoen datt geplangten Obsoleszenz keen eemolege Phänomen ass dee mol virkomme kann, mee et gi verschidden Aarte vu geplangten Obsoleszen wéi z.B. am Beräich vun der Technik, vu Computerprogrammen an an der Ästhetik. Et kann een also soen datt d’geplangten Obsoleszenz hautdesdaags eng gängeg Praxis ass a ville verschiddenen Beräicher. Dem Catherine Phillipsno – juristesch Responsabel beim Ministère fir Konsumenteschutz an och Invité vun der Table Ronde – ass geplangten Obsoleszenz e Faktor fir d’Bedierfnesser vun de Konsumenten ze erneieren, déi domat ënner engem Manktem u Transparenz leiden.

D’Reguléierungsaarbechten, a besonnesch Direktiv “Right to Repair”, déi d’Konsumenten encouragéiere soll fir de Liewenszyklus vun hire Produiten duerch Reparatur ze verlängeren, si wichteg Schrëtt fir géint déi geplangten Obsoleszenz virzegoen. Zu Lëtzebuerg stelle mer mir eng Verspéidung fest wat déi entspriechend Reglementer ugeet. Am Géigesaz dozou ginn d’Gesetzer a Frankräich an an der Belsch schonn e Schratt méi wäit. A Frankräich gëtt et z.B. schonn eng explizit Definitioun vum Begrëff “geplangten Obsoleszenz” am Konsumenteschutzgesetz. D’Belsch sengersäits war dat zweet Land dat e Reparaturindex fir Haushaltsapparater agefouert huet (d’Akraafttriede vum Index ass fir 2026 geplangt)1. Kuerz gesot stelle mer fest datt Lëtzebuerg an deem Beräich e wesentleche Retard, wat en Nodeel fir déi lokal Konsumenten duerstellt. 

Och wann d’Änneren vun de Konsumgewunnechten méi a méi vun der ëffentlecher Hand thematiséiert gëtt, kënne mer als Bierger och direkt handelen dank den ökologesche Biergerinitiativen déi haut schonn an deem Beräich aktiv sinn.

Wat kann ech op mengem Niveau  maachen ? Näischt geet verluer, näischt gëtt geschaf, alles gëtt transforméiert !

Hautdesdaags ginn all Joers 6000 Tonnen Elektroschrott produzéiert! Fir dës Zuel ze reduzéieren, musse verschidden Alternativen vun de Konsumenten ugeholl ginn. A wa mer, anstatt en Objet ze ersetzen an esou indirekt zum Phänomen vun der geplangter Obsoleszenz bäizedroen, versichen d’Liewensdauer vun eise Saachen ze verlängeren?

Reparatur oder Second-Hand si konkret Weeër fir sech fir e méi e moderate Konsum anzesetzen, fir en Impakt op d’Liewensdauer vun eise Saachen ze hunn a fir den Offall ze reduzéieren. Eise partizipativen Atelier funktionéiert genee an deem Sënn, a reegt och niewebäi en Austausch tëscht Bierger a Fräiwëllegen un. Eis Initiativ handelt och op wirtschaftlechem Plang duerch d’Reduzéiere vun de perséinlechen Akeef, zugonschte vu Wueren, déi vun enger méi grousser Zuel vu Leit kënne benotzt ginn. Dobäi ass och den ökologeschen Impakt net ze ënnerschätzen. Mir droen dozou bäi fir d’Liewensdauer vun Objeten ze verlängeren an d’Offallproduktioun ze reduzéieren.

Transition Minett bedreift konkret Projet’en déi dozou bäidroen fir d’Liewensdauer vun Objeten déi wéineg am Alldag benotzt ginn ze verlängeren, wéi z.B. mat der Initiative Gutt Geschier, déi an Zesummenaarbecht mat der EBL entstanen ass. Méi allgemeng gesinn funktionéiert den Tiers-lieu Facilitec no der Approche vun de 5R (refuser, réduire, réutiliser, recycler, rendre à la terre) an hëlleft esou d’Offallproduktioun ze reduzéieren. Et waren och nach aner inspiréierend ökologesch Biergerinitiativen op dëser Table-ronde präsent wéi z.B. de Repair Café, déi vum Léonard Andersen, Koordinator vum Projet Repair Café Lëtzebuerg beim CELL, virgestallt gouf. E weideren Acteur war den Comité national de la défense sociale (CNDS), vertrueden duerch säin Direkter Raoul Schaaf, déi eng sëllegen Projet’en bedreiwen déi Nohaltegkeet mat sozialer Inklusioun verbannen.

Liestipp : Repair Café – Léieren wéi een reparéiert fir d’Liewen vun eisen Objeten ze verlängeren!

 
Dir sidd interesséiert un eisem partizipativen Atelier oder dir wëllt Handwierksgeschier ausléinen ? 

Da kommt laanscht an de Facilitec um 37B rue de la Fontaine zu Esch/Uelzecht (Accès iwwert  d’rue Berwart).

Ëffnungszäiten
Méindes an Donneschdes: 14h-20h
Dënschdes a Mëttwochs: 13h30-17h
Freides: 9h-16h30
Weekends zou ausser de leschte Sonndeg am Mount (Atelier op vun de 14h à 17h). 

A well mir net déi eenzeg sinn déi am Beräich Kreeslafwirtschaft zu Esch aktiv sinn, lueden mer Iech follgend Initiativen ze entdecken wann Dir se net scho kennt!

Formida Center, FerroForum (Tiers-lieu  am Beräich Metall), CIGL Esch, SIVEC Schëffleng, Give Boxes: an der Kufa, an der MESA, an eng fir Bicher op der Stadhausplaz.

Mer soen dem Circular Innovation Hub vun der Stad Wooltz an Infogreen villmools Merci datt mer un dëser Table-ronde Deelhuelen duerften !